Politiker solle Visiounen verbreeden amplaz Angscht!
Et ass schonn paradox: objektiv gekuckt hunn mir eng gutt, voire excellent, wirtschaftlech Lag, 3-5% Wuesstem pro Joer an d’Aarbechtslosegkeet ass och während der leschter Legislaturperiod zeréck gaangen. An awer hunn d’Léit dat subjektivt Gefill dat et net op Dauer esou weider wäert goen. Kuerz, och zu Lëtzebuerg, gëtt et eng reell Angscht virum sozialem Ofstig an generell virun der Zukunft. Dës Angscht muss een eescht huelen an offen doriwwer schwätzen. D’Zukunft wäert, duerch d’Globalisatioun an d’Digitalisatioun, ëmmer méi komplex ginn, sou dat konkret politesch an gesellschaftlech Visiounen mussen ausgeschafft ginn, fir der Gesellschaft als Kompass ze déngen. A Frankräich kann een soen dat den Macron eng offen Visioun fir säin Land huet, déi natierlech net perfekt ass an och kritiséiert kann an soll ginn. Mat sengem Zirkusstëck um Trapez mam Numm “ni de droite, ni de gauche avec un peu de néolibéralisme”, ass et him gelongen den Populisten vun Lénks an vun Riets, eng franséisch an europäesch Zukunftsvisioun entgéint ze stellen, an dank dëser Visioun, d’Presidentiellen ze gewannen. Eng visionär Politik huet den Populisten den Wee un d’Muecht verspaart. Duerch säin Wahlsuccès, huet den Macron bewisen dat een visionären Programm d’Wieler net verschreckt, mais vill méi een Nerv bei … Continue reading Politiker solle Visiounen verbreeden amplaz Angscht!
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed