Rechtlech gewonn, mee finanziell verluer
Zivilprozesser gewannen an awer op den Affekotskäschte sëtze bleiwen: Muss dat sou sinn? Mir kennen et aus de Filmer, nom gewonnene Prozess läit d’”Partie gagnante” sech an den Äerm a kann no enger laanger, emotional ustrengender Zäit erëm zur Rou kommen! Zu Lëtzebuerg gëtt et an der Regel awer een Ëmstand, deen d’Erliichterung no engem Zivilprozess belaascht an och dozou féiert, datt d’”Partie gagnante” sech och ganz dacks als finanzielle Verléierer fillt. Gewënnt een zu Lëtzebuerg säin Zivilprozess, bléift een op sengen Affekotskäschte sëtzen. Beschtefalls accordéieren d’Riichter engem e partielle Remboursement, deen net méi wéi ee ridicule klenge Montant vun de Käschten deckt. Een onglécklechen Ëmstand, deen net misst sinn a fir dee schonn zanter Joerzengten eng adequat Gesetzgebung existéiert. Den Artikel 240 vum “Nouveau code de procédure civile” gesäit nämlech zanter 1987 fir: “Lorsqu’il paraît inéquitable de laisser à la charge d’une partie les sommes exposées par elle et non comprises dans les dépens, le juge peut condamner l’autre partie à lui payer le montant qu’il détermine.” An der Theorie hunn d’Riichter also d’Méiglechkeet, fir d’ennerleeë Partie zum Bezuele vun den Affekotskäschte vun der “Partie gagnante” ze veruerteelen. An der Praxis accordéieren d’Riichter awer näischt oder just lächerlech kleng Montanten, … Continue reading Rechtlech gewonn, mee finanziell verluer
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed