Rieden

LSAP Kongress 22.01.2019: Kandidatur fir d’Parteileedung

Léif Komeroden a Komerodinnen,

De Walsonndeg war keen erfreelechen Dag fir eis Partei.

Mir kënnen elo deenen Zäiten notraueren, wou souwisou alles besser war, an op ee Wonner hoffen oder mir stellen eis Haut der Realitéit an zéien déi néideg Konsequenzen. 

« Firwat steet d’LSAP? », dëst ass eng Fro déi scho Ville vun Iech gestalt ginn ass.

D’Fro ass net verwonnerlech, souguer gerechtfäerdegt, wann ee wichteg politesch Zukunftsthemen, wei z.Bsp. Bildung oder Ëmweltpolitik, onbesaat léist.

Mee ech kann anwëll dës Fro net méi héieren.

Duerfir muss et der neier Parteileedung hier Aufgab sinn, den Dialogue an der Partei erëm opliewen ze losen, dëst mam Ziel dat d’Partei, also mir Alleguer zesummen, eis erëm ee kloren Programm ginn. Ee Programm, deen d’LSAP als modern a generatiounsiwwergräifend Gerechtegskeetspartei positionéiert. Dëst ass eng Aufgab, bei där ech ganz gären, ganz gäre géif Verantwortung iwwerhuelen.

Grat an engem Land ewéi Lëtzebuerg wou et méi einfach ass duerch Kapitalerträg säinVerméigen ze vergréisseren, ewéi sech duerch haart Aarbecht eng Mouk unzespueren, kann esou eng sozial laangfristeg Gerechtegkeets-Visioun op fruchtbare Buedem stoussen.

Eng aner Fro déi ech dacks héieren, léif Kollegen, dréit em den A a LSAP.

Fir mech ass dëse Buchstaaw net obsolet. Villméi erënnert en eis un eis historesch Aufgab der mir erëm gerecht musse ginn !

Mir mussen erëm de Porte-Parole vun all deene Leit ginn, déi all Moie mussen opstoe fir, fir hier Sue schaffen ze goen. Mir musse fir d’schaffend Leit stoen, vum Salarié bis bei den Entrepreneur. Fir déi Leit déi déi net vun hire Kapitalerträg kenne liewen, déi hier Zäit musse verkafe fir sech hire Liewensënnerhalt ze sécheren.

Och musse mir eis Wäerter erëm virliewen a Glafwierdegkeet zeréck gewannen. Glafwierdegkeet zeechent sech och duerch Laangfristegkeet aus, ouni dobäi an d’Toxkäppechkeet ofzerutschen. Eis Wäerter dierfen also net um Altor vu kuerzfristege Koalitiounsmajoritéiten oder Minister-Éieren, geopfert ginn.

Léif Komeroden, Léif Komerodinnen,

Am Summer hat ech d’Chance am Walkampf matzeschaffen, an dëst huet mir Loscht, Loscht gi mech nach méi anzebréngen.

Ech weess ech si jonk, an ech sinn och kloer der Meenung, dass d’LSAP ee Renouveau, een Neistart brauch.

Mee komm mir loossen eis net op déi simplistesch Gläichung an : alles wat jonk oder nei ass, wier gutt voire besser, an alles wat al ass wier schlecht.

Nee !

Et ka just d’Symbiose vu joerzéngtelaanger politescher Erfarung, zesumme mat méi jonken, villäicht duerchdriwwenen Iddie sinn, déi eis Partei erëm no fir bréngt.

Déi nei Parteileedung kann an dierf d’Vergaangenheet net vergiessen, mee mir mussen awer och aus eise Feeler leieren.

Léif Komeroden a Komerodinnen,

Ech hunn keng Zauberformel, fir all déi sellegen Erausfuerderungen déi virun eis leien, mee ech hunn verdammt Loscht. Loscht fir d’Erausfuerderungen unzegoen a mech a meng Iddien anzebréngen.

Ech hunn iech den Owend net méi unzebidde wei meng Zäit a mäin vollt Engagement. Mäin vollt Engagement, dat ech, falls ech dann an d’Parteileedung sollt gewielt ginn, mäin Bescht ginn a schaffe wäert fir dat erëm eng däitlech LSAP Sproch dobaussen ze héieren ass!

Haut bieden ech iech, léif Delegéiert, em eng fair Chance, em ee Vertrauensvirschoss, dat ech mat vollem Asaz mäin Engagement ka beweisen.

Ech soen iech am Viraus Merci fir äert Vertrauen.