Duebelmoral a puncto Duebelmandat
15 Buergermeeschter, 12 Schäffen an 14 Gemengeréit setzen aktuell um Krautmaart. 41 vun eise 60 Volleksvertrieder, méi ewéi 2/3, bekleeden also een sou genannten Duebelmandat. Eigentlech wollt d’Regierung BETTEL/SCHNEIDER/BRAZ I schonns an där leschter Legislaturperiod ee Schlussstréch ënnert dëse Mandatercumul zéien. Sou huet et 2013 am Koalitiounsaccord geheescht: “Les conditions (…) de l’interdiction du cumul du mandat de députés avec des fonctions électives à l’échelon (…) local seront déterminées”[1]. Spéitstens 2015, nom blo, rout, gréngem Referendum’s Trauma, ass dës Iddi wuel erëm schnell ënnert de progressiven Teppech gekiert ginn. Zwou Regierungsparteien hunn hiren Interêt an dëser Fro awer kuerz virun de Walen, beim schreiwe vun hirem jeeweilegem Walprogramm, zeréck entdeckt[2]. Mee och dës zwou Parteien hunn no de Walen weiderhin Duebelmandatairen an den eegene Reien sëtzen. De Walprogramm hat déi betraffe Parteimembere wuel net iwwerzeegt, mee sou e (Wal-)Pabeier ass jo bekanntlech och gedëlleg. D’Koalitioun BETTEL/SCHNEIDER/BRAZ II schéngt och net méi esou determinéiert ze sinn, den Non-Cumul vun den Mandater duerchzezéien. Am Koalitiounsaccord vun 2018 heescht et elo just nach: “Le projet de Constitution prévoit la possibilité d’étendre l’incompatibilité du mandat de député à d’autres mandats politiques. Après l’adoption de la nouvelle Constitution les partis de la coalition vont s’atteler … Continue reading Duebelmoral a puncto Duebelmandat
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed