„Für alle Gorillas, Kaiserpinguine und Vögel dieser Welt“

Een Kommentar un eis Lëtzebuerger Klimaskeptiker Reegelméisseg mellen Ex-Politiker, Ex-Journalisten an Intellektueller sech ze Wuert, fir eis zu den ënnerschiddlechsten Themen hier Meenung matzedeelen oder d’Weltgeschéie baséierend op hirer Liewenserfarung anzeuerdnen. Interessant, heiansdo amusant a virun allem fir eis Jonker informativ a léierräich Texter kommen normalerweis heibäi eraus. Bei engem Thema schénge verschidden eeler Auteuren awer ëmmer méi de Kompass ze verléieren: dem Klimawandel. Net méi spéit ewéi leschten Donneschden (1. August 2019) huet den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres d’UN-Memberlänner op e neits opgeruff endlech ze handelen. « Déi irreversibel Stéierung vum Klima ze verhënneren, ass d’Course vun eisem Liewen, déi mer gewannen (…) mussen » sou den UNO-Generalsekretär. « Stopp – elo ass esouguer schonn d’UNO komplett am Eemer » oder « Déi hunn keng Anung vun der Naturwëssenschaft, wëll déi Damm vun der Sorbonne huet geschriwwen… », denkt dir iech, léif lëtzebuerger Klimaskeptiker, elo sécher. Hanner Excusen ewéi zum Beispill « et si schonn ëmmer méi waarm anméi kal klimatesch Perioden op der Äerd ginn » probéiert dir iech, géint all Changement hin ze méi Klimaschutz ze stellen, an d’Urgence, déi bei dësem Thema ubruecht ass, a Fro ze stellen. Dat ganzt gëtt dann nach heiansdo mat purem Haass vis-à-vis vum … Continue reading „Für alle Gorillas, Kaiserpinguine und Vögel dieser Welt“