D’Spekulatioun mat eisem Wunnraum stoppen !
Wunnen ass en Grondrecht an mat Grondrechter spekuléiert een net. An der Stad hunn sech d’Immobiliëpräisser an 10 Joer bal verduebelt. Huet eng bestoend Wunneng 2008 nach 4.258 Euro/m2 kascht, sinn et 2018 schonn 8.099 Euro/m2. Landeswäit ass d’Hausse net grad esou extrem, mee mat +58% och immens alarmant. Dësen Trend aggravéiert sech 2019 nach emol, mat enger Präissteigerung vun 11,4% op den Immobiliëpräisser par Rapport zum selwechten Trimester vum leschten Joer[1]. Dëst sinn alles plakeg Zuelen, mee si bezifferen eng Realitéit, een sozialen Mëssstand hei ze Lëtzebuerg, deen ëmmer méi zu engem gëftegem Sozialcocktail mutéiert : d’Wunnengspräisser explodéieren an d’Wunnen gëtt domat fir ëmmer méi Léit, op al oder jonk, een onerschwénglechen Luxus. Oft héiert een Politiker behaapten « d’Demande ass ze grouss, mir mussen d’Offer an d’Luucht setzen ». Mee bei där Mëllechrechnung gëtt een Faktor gären bewosst vergiess : déi massiv Spekulatioun déi mat eisen Wunnengen an den Bauterrainen hei zu Lëtzebuerg bedriwwen gëtt, an d’Steigerung vun den Immobiliëpräisser zousätzlech unfeiert. Spekulatioun mat den Wunnengen Ganz Appartementsbléck ginn mëttlerweil vun kapitalkräftegen Fongen aus der ganzer Welt opkaaft. Wat dat fir d’Bewunner vun deenen Immobilien bedeit sinn mir deslescht vun engem Betraffenem gewuer ginn. 2016 ass een ganzt Appartementshaus an der Stad, … Continue reading D’Spekulatioun mat eisem Wunnraum stoppen !
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed