“Das Virus hat uns an eine Zeitwende gebracht.Beides ist jetzt möglich, das Strahlende und das Schreckliche“[1] An Däitschland hunn dës Woch Deeler vun der CDU fir een Erofsetze vum Mindestloun plädéiert. Kuerz drop sinn si vun der Parteispëtzt zeréck gepaff ginn. Dëse Virfall weist dat et Iwwerleeunge ginn, d’Käschte vun der Kris vun Uewen no Ennen ofzewälzen ; spréch déi Schwächst fir dës Kris bezuelen ze loossen ! Och zu Lëtzebuerg wäerte Stëmmen sech erhiewen, déi fuerdere wäerten dat de Käschtefacteur Aarbecht ofgewäert muss ginn. Hier Analyse wäert einfach sinn: D’Aarbecht ass souwisou schonn am Grand-Duché méi laang ze deier a schued domat eiser Kompetitivitéit ; d’Léisung ass einfach : méi Stonne schaffen, fir manner Suen. Anescht ewéi an Däitschland, wäert zu Lëtzebuerg, op mannst offiziell, keen en Erofsetze vum Mindestloun fuerderen. Eng reell Gefor besteet, menger Meenung no, allerdéngs bei den Aarbechtskonditiounen, virun allem am Commerce, an et wäerte Stëmme ginn, déi elo eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite fuerdere wäerten. Dëst mat der Argumentatioun : wann d’Geschäfter endlech 24 Stonnen 7 Deeg op 7 opmaache kennen, kéinnt een déi coronabedingt Ëmsazausfäll kompenséieren. Schonn eleng ekonomesch ass dës Iddi ze hannerfroen. Duerch eng komplett Liberaliseierung vun den Ëffnungszäite kann net méi konsuméiert ginn, wann … Continue reading Schaffen no Corona : 24/7 ?
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed