My home is my office

Den Télétravail, respektiv Home-office war stënterlech Realitéit ginn. Och wann en aus der Nout gebuer gouf, huet sech domat bewisen dass aner Aarbechtsmodeller duerchaus méiglech sinn. Elo musse mir en ausbauen a verbesseren, an net schnurstracks an déi üblech Aarbechtsofleef zeréckfalen. Amplaz eng Stonn Moies um Aarbechtswee ze verbëtzen, war een an null Komma nix vum Kaffisdësch um Büro. Keen Stau respektiv kee Gedrecks am Zuch, Laptop op Internet un, a scho konnt ee mat der Aarbecht lassleeën. Een däitlech méi entspaante Start an den Dag. Och Owes, wann ee mol bis 19h15 geschafft huet, war een um 19h20 schonn op der Laafronn ; ouni stressegen Heemwee konnt d’Motivatioun och net op dësem verluer goen. Wäit iwwer d’Hallschent vun de Salariéen hunn wärend der Coronakris vun Doheem geschafft[1]. Laut enger STATEC Ëmfro war den Télétravail fir eng grouss Majoritéit vun de Leit eng positiv Erfarung. Mee et war eng extrem kuerz Experienz, an ei een elo ee Recht op Télétravail fuerdert, muss een och längerfristeg Studie mat abezéien an déi méi negativ Aspekter beliichten, well bekanntlech ass net alles Gold wat op den éischten Abléck glänzt. Laut enger Etüd vun der Chambre des salariés aus dem Joer 2017[2], hunn Leit déi komplett op … Continue reading My home is my office