Een Kommentar un eis Lëtzebuerger Klimaskeptiker
Reegelméisseg mellen Ex-Politiker, Ex-Journalisten an Intellektueller sech ze Wuert, fir eis zu den ënnerschiddlechsten Themen hier Meenung matzedeelen oder d’Weltgeschéie baséierend op hirer Liewenserfarung anzeuerdnen. Interessant, heiansdo amusant a virun allem fir eis Jonker informativ a léierräich Texter kommen normalerweis heibäi eraus.
Bei engem Thema schénge verschidden eeler Auteuren awer ëmmer méi de Kompass ze verléieren: dem Klimawandel.

