Browsing Category

Articles

Articles Logement

Reformieren wir doch endlich
unsere Grundsteuer!

Eingeführt im Jahre 1941 werden heute, fast 80 Jahre später, luxemburgische Immobilien immer noch fast gleich besteuert wie zur Zeit des zweiten Weltkriegs. Auch die nunmehr seit Jahrzehnten anerkannte, aber nicht angegangene, nationale Wohnungskrise konnte hier leider nicht für das nötige politische Umdenken sorgen.

Es war wie so oft in der luxemburgischen Politik: die Angst vor der eigenen Courage stand im Weg – bis jetzt.

Continue Reading

Articles Schaffen no Corona

1,61%? Firwat d’DP-Politik am Commerce keng gutt “Affär” ass

« Méi flexibel Aarbechtszäiten sinn net eleng eng Fuerderung vun ville Betriber selwer. Et ass och de Wonsch vun enger grousser Majoritéit vun den Salariéen. »[1], esou schreiwt d’Carole Hartmann (DP-Deputéiert) an engem Artikel vum 2.Dezember op dem Internetsite vun hirer Partei, der DP.

Op wéi eng Erkenntnisser dës Feststellung sech baséiert ass net gewosst; de ganzen Artikel kënnt nämlech ouni Foussnott oder Referenz aus. Et schéngt wéi wann, a beschter DP-Manéier, nees wëssenschaftlech verkaf soll ginn, wat net wëssenschaftlech beluecht ass. De Contraire ass suguer de Fall: Eng rezent Etüd vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Reserach (« LISER ») déi et zu dësem Sujet gëtt, kënnt zum Schluss, dass et eben NET der grousser Majoritéit vun de Salariéen am Commerce hiren Wonsch ass fir méi flexibel ze schaffen an d’Aarbechtszäiten weider ze liberaliséieren![2] Vun de Salariéen déi Owes spéit musse schaffen, schwätze sech grad emol 1,61% fir eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten aus; bäi deenen anere Salariéen sinn et 7,46%.[3] Iwwer 90% vun de Leit déi am Commerce schaffen sinn also géint eng komplett Liberaliséierung. En änlecht Bild ergëtt sech aus där Etüd wat eng deelweis Oplockerung vun den Ëffnungszäiten ugeet, och deem stinn knapp 60% ganz kritesch géintiwwer.

Mee wann mir iwwer d’Aarbechtszäiten am Commerce wëlle schwätzen, dann komm mir beliichten mol ewéi eis Matmënschen déi an deem Secteur schaffen, hiren Aarbechtsalldaag empfannen. Eng gutt Work-life-balance schreift sech jo mëttlerweil all Partei op de Fändel, esou och d’DP.

Continue Reading

Articles Logement

Eng Wunneng:
Een Doheem oder ee Finanzproduit ?

« If there is a bubble burst, as they call it, you know you can make a lot of money, if you’re in a good cash position – which I’m in a good cash position today – then people like me would go in and buy like crazy. »[1] 
(Donald J. TRUMP, 2006)

Wann den, hoffentlech geschwënn Ex-President TRUMP et scho virausgesot huet, muss ee keen Hellseher si fir ze erkennen dat am Zuch vun der Finanzkris d’Immobilië weltwäit de perfekten Investment gi sinn. D’Geld ass duerch déi déif Leetzënse bëlleg, an déi, déi es ze vill hunn investéieren an de Steen.

Zu deem internationalem Phänomen gesellt sech nach ee spezifesch lëtzebuergeschen. Déi grouss Consultingfirme maache Reklamm fir datt international Investisseuren a Lëtzebuerger Immobilien investéieren. An enger Broschür vun 2015 hat Price Waterhouse Coopers fir d’Period 2015-2020 den Investisseuren ee järleche Gewënn vu 5% virausgesot[2]. Wann ee mat Leit aus dem Immobiliësecteur schwätzt, da waren dës Investaussiichte scho Grond genuch fir vill international Investisseuren op Lëtzebuerg ze lackelen. Mat den aktuelle Wäertsteigerunge vun iwwer 10% pro Joer wäerte weder d’Reklammen nach d’Attraktivitéit vum Finanzproduit « Lëtzebuerger Wunneng» ofhuelen, ganz am Géigendeel !

Continue Reading

Articles Politik

Steiergerechtegkeet:
op Mokuchsdag verréckelt?

„In Wahrheit zahlt meine Sekretärin mehr Steuern als ich“[1]
Fréiere MC-Kinsey Beroder

Steiergerechtegkeet ee Begrëff fir deen et keng sou wierklech Definitioun gëtt a munch Leit souwisou als inexistent bezeechne géifen. Fir dës Leit gëtt et keng gerecht Steier, well all Steier eng Ofgab un de Staat ass, an déi gëllt et ze minimiséieren. Sou fuerdert den Nicolas BUCK, President vun der UEL, zanter Joren dat d‘Impôt commercial communal ofgeschaaft gëtt: „Mais pourquoi, en tant qu’entreprise, dois-je verser de l’argent à une commune ?“[2]

Wat en Allerdéngs net seet, genau esou ewéi déi sëlleg aner Leit déi ëmmer just kenne vu manner Steiere schwätzen, ass ze erklären ewéi Sie sech eist Zesummeliewen an Zukunft virstellen; an engem Staat vun deem d’Bierger ëmmer méi erwaarden, deen duerch Digitalisatioun a Klimakris, nei Aufgabe muss iwwerhuelen, mee deen duerch déi gefuerdert manner Recetten ëmmer manner ka maachen?

Continue Reading

Articles Droit Logement Politik

Savoir admettre ses erreurs est signe de grandeur !

« Everyone is entitled to his own opinion, but not to his own facts. »

La situation autour du Plan d’aménagement général (« PAG ») de la Ville d’Esch-sur-Alzette devient de plus en plus cocasse. Il faut souligner qu’il ne s’agit nullement de simples « Unklarheiten »[1] entourant le PAG, mais de sérieux problèmes juridiques.

Si on peut certainement discuter et argumenter sur le volet urbanistique d’un PAG, il faut noter que le cadre légal dans lequel un PAG doit être élaboré est clair et précis ; c’est la loi et rien que la loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l’aménagement communal et le développement urbain, ainsi que ses divers règlements d’exécution.

Jetons donc un coup d’œil sur les arguments avancés par les responsables de la Ville d’Esch-sur-Alzette, afin de justifier les passages critiques dans leur projet de PAG :

Continue Reading

Articles Droit Logement

Lettre ouverte à M. Mischo, Bourgmestre de la ville d’Esch-sur-alzette

Monsieur le Bourgmestre,

En mains un courriel du 5 juin 2020 qu’un de vos fonctionnaires a adressé à un citoyen de la ville d’Esch-sur-Alzette.

Dans ledit courriel on lit la belle phrase : « le nouveau PAG dans la commune d’Esch ne permet plus aux locataires ou propriétaires de déclarer des non-apparentés chez eux ».

On croyait à une simple erreur administrative.

Or votre communiqué de presse du vendredi 12 juin 2020 (« communiqué ») laisse plutôt craindre qu’il ne s’agisse plus d’une interprétation erronée d’un fonctionnaire, mais d’une interprétation erronée qui est soutenue, voir propagée, par Monsieur le Bourgmestre ainsi que son collège des échevins.

Continue Reading

Articles Schaffen no Corona

My home is my office

Den Télétravail, respektiv Home-office war stënterlech Realitéit ginn. Och wann en aus der Nout gebuer gouf, huet sech domat bewisen dass aner Aarbechtsmodeller duerchaus méiglech sinn. Elo musse mir en ausbauen a verbesseren, an net schnurstracks an déi üblech Aarbechtsofleef zeréckfalen.

Amplaz eng Stonn Moies um Aarbechtswee ze verbëtzen, war een an null Komma nix vum Kaffisdësch um Büro. Keen Stau respektiv kee Gedrecks am Zuch, Laptop op Internet un, a scho konnt ee mat der Aarbecht lassleeën. Een däitlech méi entspaante Start an den Dag. Och Owes, wann ee mol bis 19h15 geschafft huet, war een um 19h20 schonn op der Laafronn ; ouni stressegen Heemwee konnt d’Motivatioun och net op dësem verluer goen.

Continue Reading

Articles Schaffen no Corona

Immer wieder Sonntags

D’Geschäfter sinn erëm op, d’Restauranten an d’Caféen hunn dës Woch nogezunn a sëlleg Leit kennen elo erëm hirer Aarbecht nogoen. Lues a lues entsteet erëm eng gewëssen « anormal » Normalitéit.

Mee wei am Artikel vu Gëschter schonn erwäänt, wäerten och zu Lëtzebuerg Stëmmen sech erhiewen, déi fuerdere wäerten dat mer de Faktor Aarbecht vis-à-vis vum Ausland ofwäerte musse fir erëm méi kompetitiv ze ginn. Dobäi besteet menger Meenung no, eng reel Gefohr dat d’Aarbechtskonditiounen, virun allem am Commerce, sech verschlechtere kéinten. Op d’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten de richtege Wee ass, ass ze hannerfroen zemools wann een eng rezent Etüde vum LISER analyséiert. Nodeems mir Gëschter op d’Ëffnungszäiten agaange sinn, wollt ech Haut ee Bléck op d’Sonndesaarbecht werfen.

Continue Reading

Articles Schaffen no Corona

Schaffen no Corona : 24/7 ?

Das Virus hat uns an eine Zeitwende gebracht.
Beides ist jetzt möglich, das Strahlende und das Schreckliche[1]

An Däitschland hunn dës Woch Deeler vun der CDU fir een Erofsetze vum Mindestloun plädéiert. Kuerz drop sinn si vun der Parteispëtzt zeréck gepaff ginn. Dëse Virfall weist dat et Iwwerleeunge ginn, d’Käschte vun der Kris vun Uewen no Ennen ofzewälzen ; spréch déi Schwächst fir dës Kris bezuelen ze loossen !

Och zu Lëtzebuerg wäerte Stëmmen sech erhiewen, déi fuerdere wäerten dat de Käschtefacteur Aarbecht ofgewäert muss ginn. Hier Analyse wäert einfach sinn: D’Aarbecht ass souwisou schonn am Grand-Duché méi laang ze deier a schued domat eiser Kompetitivitéit ; d’Léisung ass einfach : méi Stonne schaffen, fir manner Suen.

Continue Reading

Articles Politik

No der Kris: Iddien fir de Wee no vir.

Cano Olivier, Leners Max, Miltgen Maxime, Molitor Max

Innerhalb vu ganz kuerzer Zäit huet de Covid-19 eisen Alldag op der Welt an zu Lëtzebuerg op d’Kopp geheit. Aus der sanitärer Kris gëtt elo, genau sou schnell, eng ekonomesch Kris mat historeschem Ausmooss.

Trotz all deem Negativen besteet och eng Chance an dëser Kris. Eng Chance fir aus der Kris eraus eist Zesummeliewen, eis Gesellschaft ze verbesseren. Eng Chance fir endlech eng méi nohalteg, wäitsiichtegt a virun allem eng méi gerecht Gesellschaft ze schaffen; eng Gesellschaft déi d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert kann zesummen ugoen.

Eng Chance déi och Lëtzebuerg net dierf verpassen an duerfir brauche mir, nodeems d’Coronakris iwwerstane wäert sinn, dringend:

Continue Reading