Zivilprozesser gewannen an awer op den Affekotskäschte sëtze bleiwen: Muss dat sou sinn? Mir kennen et aus de Filmer, nom gewonnene Prozess läit d’”Partie gagnante” sech an den Äerm a kann no enger laanger, emotional ustrengender Zäit erëm zur Rou kommen!
Zu Lëtzebuerg gëtt et an der Regel awer een Ëmstand, deen d’Erliichterung no engem Zivilprozess belaascht an och dozou féiert, datt d’”Partie gagnante” sech och ganz dacks als finanzielle Verléierer fillt. Gewënnt een zu Lëtzebuerg säin Zivilprozess, bléift een op sengen Affekotskäschte sëtzen. Beschtefalls accordéieren d’Riichter engem e partielle Remboursement, deen net méi wéi ee ridicule klenge Montant vun de Käschten deckt.
Een onglécklechen Ëmstand, deen net misst sinn a fir dee schonn zanter Joerzengten eng adequat Gesetzgebung existéiert.







